Déi Gréng schreiwen op hirem Internetsite:
« Mat engem kritesche JO stëmmen déi gréng déi éischt Phase vum Projet ‘CFL Multimodal’ zu Diddeleng-Beetebuerg. De Prinzip ass gutt, mä d’Aart a Weis wéi dee Projet ugepak an ëmgesat gëtt ass diskutabel. Hei ginn an 3 Phasen 240 Mio. € investéiert ouni Business-plang, ouni d’Verkéierssituatioun am Grëff ze hunn, ouni dass dem Uleies vun de Gemengen an de Bierger genügend Rechnung gedroe ginn ass. An eiser Motioun froe mir, dass virum Vote vun der 2ter Phase dës Schwaachpunkte behuewe ginn. »
De Link zu der Motioun, déi mat 40 zu 18 Stëmmen verworf gin ass, fannt dir hei.